banner-privat1

banner-collectif1

banner-business

banner-contact

Votre Panier

votre panier est vide

2

Salut alleguer :-) hei emol en kléngen Récapitulatif an meng Siicht vun mengen 2 leschten Sushi & Wine Owender. En gros : en war mega ! Dier wat all mega !!! Ären Feedback Live und in Farbe ze kréien an mat Iech iwwer déi Platen, Ingredienten ze schwätzen war einfach den Hummer.

3Fir mech, hunn ech deen Niveau Iech konnten liwweren, deen ech mer och als Ziel gesat hat, an gleeft mer, ech hunn d’Barre héich ugesat. Net fir mech selwer ze luewen, am contraire, sinn ganz kritesch mat mer selwer an ech konnt 2x fir 24 Leit gäil Platen maachen ouni elo Tonne Stress ze hunn. Wat fir mech positiv as, d.h. ech kann nach een drop setzen Punkto Qualitéit !

Wéi ech mat Iech esou geschwat hat, an gefrot hunn wat Iech dann am beschten geschmaacht huet, sinn mer e puer Saachen opgefall an hunn mech erstaunt :

1. "mir sinn um platzen, mee komesch, mir iessen am Restaurant vill méi ewéi hei. Komesch, wéi kënnt dat?"

Dat hunn ech esou oft héieren, an ech kann mer et net erklären. Hätt et elo enorm laang gedauert bis der elo är Sushi no kritt hätt, dann hätt dat Ganzt jo Zäit gehat sech ze setzen. Mee, dem war net esou, dir konnt Iech direkt no zerwéieren bis et net méi gaangen as.

Ech denken, dass der Iech vill méi mam Iessen auserneen gesat hutt. Dir sidd wuel Iessen kommen mee als aller éischt hutt der « geschmaacht ». Alles wat der zerwéiert krut, hat säin Goût, seng Texture, säin Rezept an seng Geschicht.

2. "wat as dat genau ? wéi gëtt dat gemaach ?"

Ech denken, déi wichtegst Fro iwwerhaapt déi ech vun Iech gestallt krut. Et war en genoss Iech ze erklären wéi ech wat preparéiert hunn. Ech sinn no Rezepter gefrot ginn, no Tricker… mega ! An ech hunn Iech alles verroden, an dat gären well genau dat wëll ech : en Austausch !
Et as mer do opgefall, dass der Iech do dann nach méi domadder auserneen gesaat hutt, an richteg « geschmaacht » hutt wat der do giess hutt.

Dir hutt mer do eng Éier erwise, déi déi di vill Aarbecht absolut der Wäert gemaach huet. Ech soen ëmmer an mengen Couren : et kënnt net drop un wéi laang s de brauchs fir eppes ze maachen. mee et geet drëm s, fir sech selwer, d’Perfektioun unzestreben.

1Wat kënnt elo ?


Ech denken dass ech déi Formule do nach 1x am Fréijoer wäert maachen an 1x am Dezember nach eng Kéier. Denken dass do nach e puer Leit och wéilten kommen fir dat ze schmaachen déi elo keng Plazen kruten.

Mee fir mech perséinlech, sinn ech prëtt fir nach en Schratt weider maachen, nach méi en héijen Niveau d.h. Temperatur Spill zwëchen nach liicht waarmen Räis, perfekt temperéiertem Fësch, waarmen Tempura an Liicht waarmer Tamagoyaki, dat nach besser ze maachen. Zäit déi zwëchen dem Maachen an dem Zerwéieren läit, well ech op e puer Sekonnen verréngeren.

Ech wëll Iech nach aner Platen an Goûten maachen, no aler traditioneller Aart déi s de esou net kriss well et einfach ze vill Opwand as. An déi Zäit wëll ech mer huelen, fir Iech « Holy-Shit »Sushi ze maachen :-)
Ech hunn do schonn eppes ganz Konkretes un deem ech elo am Januar 2018 drunn schaffen an dann am Februar 2018 starten.

En décke Merci un meng Fra, mäin gréissten Fan an Kritiker, mäin Vorkoster (et muss een soen et gelénkt mer och net ëmmer alles direkt an hatt MUSS dat awer schmaachen ;-) ,an Coach.

Merci un Iech all :-)

 

 

 

Login

Login