
Live Stream #11 weisen ech Iech wéi eng Produiten dir am Asia Shop sollt kafen wann der gären doheem Sushi maacht.
Déi Basic Sushi Produiten déi op är Akafslëscht mussen sinn :
- Reis Essëg
mäin Rot : einfach déi standard Mark kafen, an net den Sushi Seasoning well deen as voller Zocker - Nori Blieder
mäin Rot : ëmmer nëmmen "roasted Nori" kafen soss sinn se latscheg - Wasabi
mäin Rot : ëmmer nëmmen den Pudder Wasabi ni deen am Tube - Ingwer
mäin Rot : nie den gefierwten, just natierlech Farw - Soja Sauce
mäin Rot : déi normal Kikkoman Soja Sauce oder déi Glutenfräi "Tamari Soy Sauce" , net déi séiss. - Sushi Räis
mäin Rot : en muss Short-Grained sinn soss gëtt et näischt - Rullmatt
mäin Rot : do as et egal. - Stäbescher
mäin Rot : ech kafen just déi holzen fir ewesch ze geheien
