parasiten

« Et kann een Parasitten duerch iessen vun réiem Fësch an den Kierper kréien an déi sech dann ausbreeden ». Dëst liest een ab und zu, ëmmer Phase méisseg, op den sozialen Medien, gepost vun soi-disant Journalisten vun N-TV, Bild, Stern-TV an Essentiel.

Generell beschreift all Artikel eng aner Horror-Story an geet esou guer esou wäit ze soen, dass deen Parasit iwwerall an dengem Kierper kann sinn, d’Fraen Broschtkriibs an d’Männer geschrumpften Hoden kënnen kréien.

As dat dann wierklech en Problem oder just Bullshit-Journalismus ?

Ech hunn mech op d’Sich gemaach no anstännegen Studien an sinn fündeg ginn. Et as erstaunlech  ! Halt Iech un !

Studie N°1 aus Japan

Download Link

Déi éischt anstänneg wëssenschaftlech Studie kënnt aus Japan an ënnersicht den Virkommen vum Parasitte « Anisakiasi » , Stern-TV nennt en den Sushi-Wuerm, deen den Mënsch duerch d’Iessen vun réiem Fësch kann ophuelen.

Ech verlinken Iech déi Studie, an ginn Iech hei en Resumé :

Déi Studie gouf op der Insel Hokkaido a Japan während 5 Joer vun 1973 bis 1977 gemaach. 851 medezinesch Zenteren goufen befort zum « Anisakiasis ». Et goufen op 5 Joer, 334 «Gastro- Anisakiasis » Fäll an 42 « intestinal-Anisakiasis » Fäll notéiert.

Zousätzlech gouf nach eng Studie gemaach, op enger zoufälleg zesumme gestallter Grupp vun 3108 Leit, 20-82 Joer al an vun der Insel Hokkaido. Hei goufen 42 Anisakiasis Fäll fonnt an deem se un den Leit verschidden Tester gemaach hunn.

Konklusioun : Et kann een sech wuel duerch d’Iessen vun réiem Fësch en Parasit afänken, d’Unzeechen sinn Bauchwéi an Iwwelkeet. Den Doktor kritt dat duerch verschidden Tester eraus an mat engem Medikament as den Problem séier geléist.

Artikel aus Harvard «  The Tale of Sushi : History and Regulation » vun 2006

Download Link

Den Auteur geet hei duerch déi Ganz Geschicht vum Sushi. Richteg interessant gëtt et am der Säit 22 wou et als éischt em déi positiv Effekter vum Sushi geet.

Ab Säite 24 geet et ab !

Den Auteur geet duerch all déi Méiglech Gesondheet s Problem déi den Sashimi kann ervir bréngen.

  1. Vergëftung duerch Mercure 
    Dës Vergëftung as méi beim Thon ze fannen, ervir geruff duerch Ëmweltverschmotzung kritt den Fësch eng Mercure Vergëftung duerch d’Iessen vun kléngen Fësch déi oft schon selwer duerch Mercure vergëft sinn.

    Den héchsten Level vun Mercure (0,66 Partikel per million (ppm) ) huet den Schwertfësch, Makréil, Forell, Bluefin Tuna an Yellowfin Tuna.

    Den déifsten Mercure Undeel mat mann wéi 0,12 ppm) huet den Saumon, Anagi also Frësch Waasser Al an Seebarsch.

  2. biologesch Kontaminatioun

    Sushi gëtt an direktem Hand Kontakt hiergestallt an esou riskéiert een eng Kontaminatioun vum Iessen.
  • Parasitten : Wann een en Parasitten Kontaminéierten Fësch ësst, mierkt een ënnerhalb vun 1 bis 6 Stonnen dass eppes net stëmmt (Bauch wéi, gëtt engen schlecht etc…)

    Erkennen deet een den Parasitte wann een d’Stéck Fësch an d’Luucht hält an een kléng zesummen gerullten Bullen gesäit, dat as den Parasit.

    1994 gouf zu Seattle eng mikrobiologesch Studie an den Sushi Restaurant gemaach an et gouf eraus fonnt dass 10% vum Saumon an 5% vun den Makréilen mat Parasitten infizéiert waren.

    Et ginn 3 verschidden Zorten vun Parasitten am réien Fësch :
      - Trematodes : flaach Wiermer -> extrem rare und ganz einfach ze erkennen am réien Fësch well se zimlech grouss sinn
      - Nematodes oder och « Anisakiasis : ronn Wierme esou grouss wéi en Hoer an am méchten verbreet.
         Symptomer : Bauchwéi, schlecht sinn etc…
      - Cestodes : Bandwuerm just am Gedäerms vun den Fësch ze fannen. Wann een déi net ëss kritt een keen Bandwuerm vum Fësch.

    Parasitten ginn duerch afréieren futti gemaach.

  • Mikro-Organismen wéi z.b. Bakterien, Viren déi just duerch en falsch behandelen vum Fësch entstinn
    - Viren ginn vum Mënsch op den Fësch iwwerdroen
    - Bakterien kënnen schonn um Fësch sinn duerch z.b d’Waasser, an verbreeden sech eréischt dann wann d’Ëmfeld et och zou léist z.b. den Fësch net an den Frigo maachen

    Bakterien ginn net futti duerch afréieren. Et mierkt een et duerch den Geschmaach an den Geroch vum Fësch.

Mikro-Organismen ginn dann futti wann een se afréiert, an awer och just wann een et richteg mécht :

  • fréieren bei -20°C an stockéieren bei -20°C während 7 Deeg
  • fréieren bei -35°C an stockéieren bei -35°C während 15 Stonnen
  • fréieren bei -35°C an stockéieren bei -20°C während 24 Stonnen

En Privaten Tiefkühler leit bei -18°C normalerweis !  Tja ! An elo ?

Konklusioun

Dat as jo alles schonn laang bekannt an trotzdeem as den Parasitten befal vun réiem Fësch net méi wichteg oder méi dramatesch wéi Bakterien an Viren befal. Et as eben just dass dat den Medien den « Parasitt » grad gutt kënnt an méi skandaléis an eekleg kléngt an den Leit méi Angscht mécht wéi eng Bakterie oder Virus.

Et gëtt eppes an der Restauratioun dat heescht HACCP Reegelung : Hazard Analysis and Critical Control Point Plan

HACCP seet der wéis de Schwaachpunkten an dengem Produktiounsoflaf kanns entdecken, se verbesseren an och kontrolléieren z.b. mussen d’Restauranten Temperatur vun den Frigoen ëmmer opschreiwen, an dat all Dag. HACCP seet och wéis de Punkto Hygiène solls schaffen…etc.

Dat alles as schéin a gutt. Fakt as, den Null Risiko gëtt et net. Wëlle Fësch ewech loossen an just geziichten Fësch ? Do as villäicht keen Parasit dran mee trotzdeem schlecht fir d’Gesondheet well en voller Medikamenter as.

En gros stinn deng Chancen un enger Bakterie oder Virus krank ze ginn vill méi grouss wéi genau deen Fësch ze treffen deen net agefruer gouf um Boot no dem Fang, wou den Parasit nach um liewen as nodeems de Fësch schonn laang dout an den Mënsch deen en giess huet eng Immunschwächt huet.

Den Risiko Null gëtt et néierens, mee wéi der gesitt sinn ären Changen méi grouss Krank ze ginn well den Kach seng Hänn net gewäsch huet no deem en säin Handy ugepaakt hat. 

à méditer !

Links

jQuery EU Cookie Law popups

Login

Login