Wéi mécht een Dashi ?

Dashi as en Fësch Bouillon deen Basis as fir 99% vun den japaneschen Platen wéi z.b. Tamagoyaki , d’japanesch Omelette, Miso Zopp. Den Dashi kann en fäerdeg kafen als Pudder oder et selwer maachen.

Selwer kafen

Ingredient :

  • 1 Sachet 6gr Dashi Pwder
  • 500ml Waasser

Gitt an den Asia Shop an kaft Dashi Powder. Et kritt een es am groussen ze kafen mee och an Sachet mat 6gr. Et brauch een op 500ml Waasser 6gr also 1 Sachet.

Preparatioun :

Waasser opkachen loossen an den Pudder  dobäi maachen, réieren bis dat ganzt sech vermëscht huet. Et voilà ! Dat as wat en japaner Dashi Stock nënnen, also quasi Fësch Fong.

Selwer maachen

Ingredient :

  • 20gr Kombu -> dat sinn gedréchent Algen déi een an der PRovençale, an all Asia Shop mee och op Amazon kritt. Hält sech éiewesch, just drechen halen an aus der Sonn.
  • 30 gr Bonito Flakes och Katsuoboshi genannt. Dat sinn gedrechend dënn Tranchen vun Thon Fumé. Kritt en och an der PRovençale, an all Asia Shop mee och op Amazon.
  • 1L Waasser
 

 

 

 

 

 

 

Preparatioun :

konbu1

Den Konbu propper maachen mat eng Duch.

 

konbu2

Den Konbuan 1L Waasser leen während 3-6 Stonnen. Dir kënnt den Konbu roueg zeschneiden wann en net ganz soll an Dëppen passen.

konbu3

Dann d’Waasser mam Konbu no 3-6 Stonnen zum Kachen brengen, iert Waasser kacht, den Konbu eraus huelen an dat wat vun Fett um Waasser schwëmmt eraus fëschen.

konbu4

Dann den Mixt ofkillen loossen.

konbu6

Wann den éischten Bouillon dann kal as, d’Bonito Flakes dobäi maachen an dat ganzt opkachen. wann et bis kacht, dann d’Hëtzt op 5/10 stellen an waarden bis d’Bonito Flakes all ënnen um Buedem vum Dëppen gelant sinn.

konbu8

Dat ganzt ofsiften an fäerdeg as den Dashi Stock.

Konservéieren

Den Dashi kenn der bis zu 3 Deeg am Frigo halen oder afréieren wat ech iech géif roden ! Einfach den Dashi an eng Form géissen fir Eiskübel ze maachen dann hutt der déi perfekten Dosis direkt prett.

jQuery EU Cookie Law popups

Login

Login