
Ech hat Iech virun enger Zäitchen d’Fro gestallt ob den Wasabi an d’Soja Zooss gehéiert oder net. Hei d’Resultat vun der Ëmfro :
- Jo ech mixen den Wasabi an d’Soja Zooss : 30 Leit
- Nee niemols : 19 Leit
- Direkt op den Sushi mam Wasabi dann an d’Soja Zooss : 3 Leit
- et as eéi een wëll : 1
- Kënnt drop un... : 3 Leit
Sidd der prett vir d’Obleisung ;-) ?
Et fänkt schonn emol domadder un, dass den Wasabi näischt op engem kléngen Teller oder um Sushi Boot ze sichen huet. Den Wasabi gehéiert am Fong, an den Maki dran oder ënnert den Fësch vum Nigiri. Just dass verschidden Leit et net gären hunn, an den Restaurant wëll dass och all d’Client zefridden sinn mam iessen, as et komm, dass den Wasabi net am Sushi mee op engem Teller niewen drun gelant as.
Elo ginn et awer déi Leit, déi d’Schäerft vum Wasabi gären hunn. Wann den Wasabi dann elo net am Sushi schonn dran as bleiwen nach 2 Méiglechkeeten :
- Wasabi an d’Soja Sauce mëschen
- Wasabi op den Sushi schmieren an dann an d’Soja Zooss Dëst as just vir den Sashimi richteg, well do huel der iech en Stéck Sashimi mam Stäbchen, maacht e bëssen Wasabi drop, an dann kënnt just den Fësch an Kontakt mat der Soja Zooss

Wat as dann elo richteg an wat as falsch ?
Vir dës Fro ze beäntwerten, muss een als éischt verstoen, dass vir den een Restaurant, Sushi eng Konscht as an vir aner Restaurant as Sushi just en Business. Vir deen wou et eng Konscht as heescht et : “Der Weg ist das Ziel” d.h. den Sushi Master bereet sech minutiéis den ganzen Dag drop vir, vir Iech Owes den perfekten Sushi ze maachen. Den Restaurant vir den et just Business as, optimiséiert seng Schrëtt an d’Wuer déi en benotzt vir esou vill Leit ewéi méiglech Owes Sushi ze maachen.
Et kënnt also drop un wou der iessen gitt ! Gitt der bei een Sushi iessen, op elo am Restaurant oder privat, deen eng gewëssen Philosophie huet an seng Sushi keen Zoufall s Produkt sinn mee eppes, wou eng Iddi hannen drun stécht. Do géif ech Iech roden, als Respekt virun der Persoun, als éischt ze froen iert der deem eeneeëgen säin Iessen verännert.
Generell einfach aus Héiflechkeet froen ob et eng Uweisung gëtt vir den Sushi ze iessen an et erlab as den Wasabi an d’Soja Zooss ze maachen. Déi Äntwert déi der dann kritt, spigelt dann gläichzäiteg d’Philosophie vum Restaurant erëm.
Also winnt Iech un, iert der blann den Sushi Goût verännert :
- den Sushi ouni Soja Zooss schmaachen an d’Kreatioun vum Sushi Chef op Iech wierken loossen an net schonn direkt den Sushi an der Zooss ertränken. -> loosst Iech Zäit an lauschtert op är Geschmaachsnerven dann wësst der nämlech och op den Räis frësch oder vun Gëschter as.
- Froen op et ok as vir den Wasabi an d’Soja Zooss ze mëschen, vir net Onhéiflech ze sinn
Ech hoffen ech konnt dëst e bëssen Opklären :-)
Boris
