
Wann een vun Nohaltegkeet vum Fësch schwätzt, geet net nëmmen ëm d'Saison, mee ewéi och an mengem éischten Artikel iwwer d'Fëscher Method. Et gëtt awer och nach en aneren, wichtegen Aspekt, deen oft ignoréiert gëtt, an zwar : ewéi een Boot geholl gëtt fir den Fësch ze fänken.
Ech ginn elo net an den Detail vun den verschidden Booter, et ginn der einfach ze vill. Mee, eng Saach no deier ech ab haut elo ëmmer froen as, op den Fësch "Petit Bateau" as.
"Petit Bateau" as dat wat et och heescht, en kléngt Boot. Wann den Fëscher mat engem kléngen Boot schafft, huet hien dermadder vill Contrainten :
- den Fëscher kann net esou wäit mam Boot eraus fueren, an bleift bei der Küst
- d'Boot as och séier voll,bleift also net Wochen laang um Mier mee kënnt oft den Dag selwer oder 2-3 spéider erëm zeréck an den Hafen.
Dat Boot net éiweg laang brauch fir erëm zeréck un den Hafen, mécht datt den Fësch elo net schonn ze al as, och wann en am Eis louch an den Fësch as och net esou wässereg, well en net Deeglaang am Waasser louch iert en eraus geholl gouf.
Ech froen ab haut no Fësch :
- Pêche de Ligne (méi Infoen dozou -> hei )
- Petit Bateau
