
Zwëschen all den Aspekter, déi en nohaltegen Fësch definéieren, hunn ech mech mat der Fëscher Method auserneen gesat, fir eben ze kucken, op wat ech muss oppassen an no wat ech muss froen fir op dem Punkt vum Fëschen, en Nohaltegen Fësch ze kréien.
Hei eng Lëscht vun den Haaptmethoden, et ginn der bestëmmt nach méi, op hei emol déi Prinzipiell Fëscher Methoden :
Method : CASIER : fir alles wat sech um Mieresbuedem beweegt
Method "CHALUT" : do gëtt en Filet iwwert den Buedem vum Mier gezunn
Method "FILET TOURNANT" : d'Netz kënnt net bis op den Buedem an ëmkreest den Fëschschwarm
Method "LIGNE" : den Fësch gëtt mat Kreep gefaangen an den Dag selwer nach aus dem Waasser geholl.
Method "PIED" : Këschten sinn an Reechwäit an kënnen per Hand aus dem Waasser gezunn ginn.
Method "PLONGEE" : et gëtt getaucht an mat der Hand agesammelt
Method "Remorque" : och hei gëtt en Filet iwwer den Buedem vum Mier gezunn
Method "SENNE" : och hei gëtt en Filet iwwer den Buedem vum Mier gezunn
Fir dass d'Fëschemethod elo Nohalteg as, muss eng Fëschmethod geholl ginn déi d'Natur net futti mécht an och net Netzer benotzt an deenen sech Fësch, ewéi Delpfiner, kënnen verfänken.
Deen Ament géif nach bleiwen als Fëscher Methoden :
- "Plongée"
- "à Pied"
- "Ligne"
- "Casier"
- "Filet Tournant"
Method vum "Tauchen" an "à pied" as wuel flott an nohalteg, mee et muss een och realistesch bleiwen, well du kann mat dëser Method just gewëssen Fësch fänken, wat wuel nohalteg as, mee et muss een et net iwwerdreiwen.
Et bleiwt eigendlech just nach eng Method : "LIGNE". Hei kann s de, je noch Déift an Köder, bestëmmen wat s de wëll fëschen. Den Fësch gëtt den Dag selwer aus dem Mier geholl an gëtt och net gedrätscht esou ewéi an den Fileten.
Wann ech elo Fësch kafen, froen ech no "PÊCHE de LIGNE" !
