fusion1Saluti alleguer -) Ech hat Iech eng Fro gestallt an zwar, ob dir esou en Fusion Sushi, ewéi op der Foto mat enger Zooss drop, géift bestellen bzw iessen/schmaachen.

 

Déi eng waren virwëtzeg, déi aner begeeschtert an anerer hunn just den Kapp gerëselt

 

Een Feeler dierf een hei net maachen an zwar alles, wat net traditionellen Sushi as, als Fusion Sushi ofstempelen an d’Office nee soen. Fir mech as Fusion Sushi eng Evolutioun vum traditionellen Sushi, déi ëmmer weider geet z.B. sinn et Ufanks dës 4 Joerhonnert, just Sashimi an Nigiri ginn, du sinn Makien dobäi komm, Gunkan Sushi dann an den 70er Joren den Uramaki, villäicht besser bekannt als California Roll.

 

Den Sushi entwéckelt sech ëmmer weider, an a Japan gëtt et een Restaurant, deen spezialiséiert as am Fusion, an just zauber Sushi mécht mat verschiddenen Zosen.

 

Et gëllt hei awer en Ënnerscheed ze maachen, zwëschen "guddem" an "schlechtem" Fusion.

 

Wéi kann een dat erkennen ?

Generell gëllt fir den Sushi :

  • Sushi Räis ze preparéieren, as vill Arabescht an präzisen Timing an speziellt Material gefrot. Konsistenz, Temperatur an Goût as hei wat zielt an eng iwwer 2000 Joer al Traditioun an Technik.
  • Beim Fësch ginn et bëlleg Produiten mee och deier Produiten ewéi den Thon, deen frësch soll sinn. Beim Thon kann een och nach net all Deel benotzen. Et muss een also wëssen wat een mécht.

Kucke mer ons Bild un, hunn mer bannen am Uramaki (Maki inside-ouside) relativ vill Thon an en plus nach baussen drop Thon. Vir den Thon baussen drop ze kréien an esou, dass en och hält, gëtt et och nach eng extra Technik.

Elo musse mer déi Fro stellen, woumadder mer ons Elteren als Kanner Stonne laang genervt hunn : « Firwat? »

Firwat elo déi "vill" Zooss driwwer maachen ?

Wichteg as hei dat Wuert « Vill » well dat grad den Ënnerscheed mécht zwëschen « schlechtem » an « gudden » Fusion Sushi.

Firwat mécht déi « vill » Zooss den Ënnerscheed ?

nigiri avocadoDéi Zoos as extrème Dominant am Goût. Wat also geschitt as, deng Geschmacksnerven ginn also zu 100% vun dem dominanten Goût besprocht. Du schmaachs also just nach dat.

 

Genau esou as et, eng hallef Zitroun op den Nigiri ze leen, en décken Flapp Philadephia oder eng Scheif Avocado op den Nigiri .

 

Mee firwat ? Firwat Gudde Fësch an gudden Sushi Räis verstoppen, no deem s de der esou vill méi ginn hues an dann am läschen Ament eng Decken iwwert deng Kreatioun geheien.

 

Déi selwecht Iwwerleeung gëllt fir den frittéierten Sushi. An mengen Sushi Couren erklären ech 1 Stonn laang d’Feinheeten an déi Subtilitéiten vum Sushi Räis an soen ëmmer zum Schluss : « an elo an d’Frittefett domadder ». Do gëtt et den Leit kloer, dat frittéieren jo alles futti mécht an deng ganz Aarbecht um Räis war vir näischt, well anno dach alles frittéiert schmaacht.

 

Dir musst Iech beim Fusion-Sushi ëmmer soen, wéi géif deen Sushi schmaachen, wann elo just Sushi Räis an Fësch do wieren.

Et gëtt also just eng Konklusioun :

bei extrem vill Zosen, stëmmt eppes net an den Sushi Chef wëll eppes verstoppen.

nigiri citronEntweder as den Fësch net méi ganz frësch, Thon kritt no 2 Deeg en ëmmer méi staarken Goût an Geroch oder den Sushi Räis as net assaisonnéiert oder och einfach vun gëschter, haart an ouni Goût. Eppes as net gutt an dat dierf den Client net schmaachen. An deem Fall, mécht et Sënn esou vill Zooss driwwer ze maachen oder dat Ganzt ze frittéieren.

 

Wier e bëssen Zooss duer gaangen ? Stelle mer ons fir, en wier just eng kléng Drëps Zoos oder eng kléng Drëps Zitroun oder eng kléng Dr¨ps Philadelphia drop. Den Goût vum Ganzen bleift an déi Zooss, anstatt alles ze verstoppen, kënnt als kléngen Plus mat dem Rescht vun Goûten dobäi. Dat wier « gudde Fusion »

 

Mee leider sinn ons chinesesch Restaurant dozou gezwongen, den Sushi méi ewéi eng Kéier ze zerwéieren, wat zevill as vun Sushi an den Frigo ze stellen fir den Dag dono, well hier Präis Politik vum Low-Cost-Sushi soss einfach net opgeet.

 

Also net direkt "NEE" op eppes ruffen, mee ëmmer als éischt d’Basis schmaachen : Räis an den Fësch an dann d’Fusion Versioun dovunner. Dann mierkt een direkt op den Chef do eng Iddi hat oder op den Chef just den Sushi geboost bzw recycled huet.

Cheers,

Boris

jQuery EU Cookie Law popups

Login

Login