8 Joer laang benotzen ech schonn Räis Esseg an Mirin fir mäin Sushi. Natierlech hunn ech d'Ingredienten vun dësen Produiten gekuckt, wat op der Fläsch steet an wat ech esou op Google fonnt hunn. Et huet mech ëmmer intrigéiert, dass am Sushi Räis Alkohol mat als Ingredient uginn as, mee ouni ze soen wéi vill % Vol. Alkohol. An Däitschland gëtt et en Gesetz dat seet, dass den %Vol. Alkohol muss uginn sinn, wann dësen iwwer 0,5% Vol as. Also sinn ech dovunner ausgaangen, dass och hei den Räis Esseg net méi ewéi 0,5%Vol Alkohol huet. FALSCH !


Ech hunn mer op Amazon en Refraktometer Alkohol kaf, fir ze kucken, ob ech dann elo kéint eraus fannen, wéi vill Alkohol dann elo do am Räis Esseg dran as.
En Refraktometer as ganz einfach ze benotzen. E puer Drëpsen op den Prisma fir drop, dann einfach duerch d'Lëns kucken an d%Vol Alkohol ofliesen. Ob der Skala as den Deel ënner dem Strëch, deen uwaist wéi vill %Vol. Alkohol et sinn, Wäiss an den ieweschten Deel as Blo. As den Bloen Deel also méi kléng wat méi Alkohol dran as.
Vir d'Gerät ze kalibréieren, hunn ech als éischt Waasser geholl, an den Null vum Gerät agestallt. Dann hunn ech eng Drëpp geholl, Lie de Vin, wou 45%Vol. Alkohol drop steet. An effektiv weist d'Gerät mir 44%Vol Alkohol un. No deem s ech den Prisma erëm propper gemaach hunn, hunn ech erneit en Test mam Waasser gemaach, fir ze kucken, ob meng Method vum Propper maachen géing Réckstänn hannerloossen an déi nächst Resultater kéint verfälschen. Nee, deem war net esou, den Apparat weist 0% Vol. un.
Elo huelen ech den Räis Esseg mat der gerengegter Pipette an maachen 3 Drëpsen op den Prisma. Resultat : 15%Vol Alkohol !!!!! WTF !!!! Ech hunn den Test nach emol widderholl, nach eng Kéier um Waasser dann um Lie de Vin, dann erëm um Waasser dann um Räis Esseg an d'Resultat war genau dat selwecht. 15%Vol Alkohol am Räis Esseg !
hmmm....
Ech hunn dunn den Mirin geholl. Do as déi ganz Anzeig Blo ginn. Et as näischt ofzeliesen. Et as alles Blo. Dobäi sollt et, no deem s wat den Hiersteller seet, en 14%Vol Alkohol uweisen. Hunn den Test widderholl. Idem !
Ech hunn dunn alles erëm propper gemaach an den Mirin getest. Laut Refraktometer wier den %Vol Alkohol iwwer 80% !!!! Also ausserhalb der Anzeig. hmmm....hunn dunn einfachen Apeljus gemoss, und siehe da, 45%Vol Alkohol. Bei hunn eppes gemeinsam an dat as den Zocker. Am Mirin as massiv vill Zocker dran an denken, dass dat d'Resultat verfälscht.
Am Sushi Räis as jiddefalls just Esseg an Alkohol dran. Mat 15%Vol Alkohol verstinn ech net, firwat dat net drop geschriwwen as !?!?
Ech hunn nach en weideren Test gemaach. Ech hunn den Räis Esseg an engem Dëppen un d'Kachen bruecht, ofkille gelooss an dunn nach eng Kéier gemooss. Huet sech näischt verännert. Ëmmer nach 15% Vol. Alkohol.
Wat hal dir dovunner ?
P.S. Ech benotzen op 1500 gr Räis 500ml Räis Esseg ! hmmm....
