banner-privat1

banner-collectif1

banner-business

banner-contact

Votre Panier

votre panier est vide

Sushi App | Gratuit !

Trouvez le meilleur restaurant de Sushi au Luxembourg autour de vous grâce à notre application "Académie Culinaire" gratuite.

bar code apple google play barcode

Sushi Blog

Interview | Thon fëschen am Mëttelmier [Real Talk] 

tunabg

thon3Ech hat dës läscht en Mann an mengem Sushi Cours, den mer erzielt huet, en géif am Mëttelmier den Thon Fëschen goen.

Wéi hien mer deen Saz gesot huet, as et Iech vläicht genau esou gaangen wéi der mäin elo gelies hutt : WTF ?

Direkt sinn mer Tonnen Gedanken an froen duerch den Kapp gaangen, an ech weess net wéi laang ech mam Mann geschwat hat, jiddefalls hunn déi aner am Cours schéin brav nogelauschtert an geschmunzelt, wat ech méi an den Sujet eran getaucht sinn.

Wat ech bis elo wousst :

Den Thon Rouge och Bluefin Tuna genannt, as am Mëttelmier ausgerott ginn well en iwwerfëscht gouf. Dorops hinn as eng EU Direktiv eraus komm déi sot dass et elo verbueden as den Thon am Mëttelmier ze fänken, an d’Restaurant hunn den Thon Rouge vun der Kaart an Supermarché en aus dem Rayon geholl.

Dat huet sech elo esou an d’Käpp vun den Leit agebrannt, also och an mäin, dass den Gedanken un Rouden Thon ze iessen mir fir kënnt wéi eng Strofdot.

Elo kënnt deen Mann an seet : Ech fëschen Rouden Thon am Mëttelmier !!!

Hei déi ganz Diskussioun, 1:1, keen Witz :

Ech : “Jo mee, dat as dach verbueden ?"

Hien :” ech fëschen no-kill d.h. ech hunn mäin Boot an mäin Equipement an esou wéi Carpen, fëschen ech den Thon an loossen en direkt erëm fräi wann ech en gefaangen hunn.”

Ech : “Jo mee, et gëtt jo awer bal keen Thon méi am Mëttelmier ?!?”

Hien : “Den Thon Rouge gëtt et Masse wais am Mëttelmier. D’Spuenier hunn riseg Thon Rouge Farmen wou se geziicht ginn an dann wann se méi grouss sinn, ginn se an d’Mëttelmier gelooss. Déi wou ech fänken sinn esou 70-100kg schwéier.”

Ech : “No-Kill Fëschen”?thon6

Hien : “ Wann ech den Fësch bis un der Aangel hunn, huelen ech en d’Boot bäi dat 3-4 km/h dann fiert, hunn eng extra Zaang an huelen dem Thon den Krop eraus an dann loossen ech en fräi ouni dass ech en aus dem Waasser geholl hunn well 50% vun den Fësch iwwerliewen dat net, ginn futti wann se erëm an d’Waasser kommen an leien dann ënnen um Buedem vum Mier.”

Hien : “Dass den Thon Rouge bedreet as, as guer net wouer well et en Masseweis gëtt am Mëttelmier. En ginn ëmmer erëm nei Thon Rouge (Bluefin Tuna) geziicht an fräi gelooss.”

Ech : "Et as dach awer extra eng Reegelung vun der EU ausgaangen punkto Thon Rouge. Souguer gouf opgeruff dass d’Restaurant keen Thon Rouge méi sollen verschaffen. An der Provençale soten se mer, dass d’Leit dat elo esou am Kapp hunn dass se keen Thon Rouge kéinten verkafen, souguer wann sie es hätten. Einfach well d’Leit dat als NoGo ugesinn”

Hien : “All Land huet en Quot, mäin Boot as zu Lëtzebuerg ugemellt, wann ech den Thon elo wéilt fänken an mat heem huelen misst ech als éischt zu Lëtzebuerg ufroen wéi vill den Quot as an op dësen schonn erreecht as. Bon, do unzeruffen huet keen wäert, bis do een sech beweegt huet bass de Pätter.”

Ech : "vun der EU gouf dach elo verbueden mat groussen Filet ze Fëschen, well dat am Fong alles fänkt an och um Mieresbuedem alles futti mécht.”

Hien : “Jo dat as verbueden mee et gëtt awer gemaach. Ech gesinn all Dag 2-3 Schëffer déi Filet hanner sech zéien déi bis 6km laang sinn. Déi fänken alles an maachen alles futti um Buedem vum Mier.

thon2

Ech : "mee wéi geet dat, et as dach verbueden?”

Hien : “jo fir en Fransous mee net fir een aus Libyen. Dofir mellen déi Leit hiert Boot an Libyen un, déi sinn net un den Quot vun der EU gebonnen an kënne maachen wat se wëllen."

Ech : “wéi krass !”

Hien : "wann s de an Spunien an d’Fëschgeschäfter gees, kriss de Daurade déi emol net 10cm grouss as. Déi dierft guer net gefaangen ginn, mee vu dass se dat importéieren vum Nopesch Land, geet dat.

Se maachen all egal wat an et hält sech keen un déi Reegelung”

Ech : "Greenpeace misst dach awer do agräifen?”

Hien : "tja, firwat déi wuel näischt ennerhuelen…"

 

An während deier ganzer Zäit, souzen déi aner 11 Leit an mengem sushi Cours do, hunn hiren Apero geschlürft an gespaant dem Interview hei nogelauschtert :-) mega :-)

Rezept : Tamagoyaki

Tamagoyaki kënnt der als side dish huelen, an är Bento Box maachen oder als Frühstück zerwéieren.

Lire la suite...

Rezept : Tempura anything !

Einfach alles frittéieren am japaneschen Tempura Style. Wat ech iech elo net roden ze frittéieren as en ganzen Maki oder an ganzen California Roll (Uramaki) well dat einfach ze fetteg gëtt (Artikel dozou -> clic here).

Ingrédients :

  • 1 Paak Panko : dat sinn Broutgrimmel déi een fäerdeg ze kafen kritt, déi maachen dat Ganzt knuspereg. Do huele mer dat wat mer brauchen à fur et à mesure
  • 1 Paak Tempura Batter : dat as Pudder deen ewéi Paangech Deeg gëtt, 100gr Tempura Batter ginn duer fir eng ganz Arméi)
  • Miel : normal Miel, 100gr ginn largement duer
  • Salz : e bëssen (une pincée)
  • Waasser : 50ml
  • 1L Frittéiere Ueleg : wann dat bis benotzt as kann s de et net méi fir eppes anescht benotzen.

tempura

panko

 

  • Wou kafen ?

    Panko, Tempura Batter kanns de an all Asiashop kréien, an der Provençale oder op Amazon. Ech hunn es nach net am Supermarché gesinn.

    Wat kanns de alles Tempura maachen ?

    • Dinde Filet einfach an laang Tranchen vun 1 cm déck an 5cm laang schneiden
    • Geméis : just haart Geméis huelen wéi z.b Aubergine, Champignon, Brocolis, Courgette...
    • Fësch : Krevetten (Gambas am beschten).
      Tipp : keen Saumon oder Thon huelen well déi verfalen mat der Hetzt. Nëmmen festen Fësch huelen z.b. Gambas, oder Tiger Prawns...etc

    Preparatioun :

    A. Tempura mëchen

    An enger Schossel 100gr Tempura Batter Polver mat 50ml Waasser mëschen mat enger klenger pincée vun Salz. Gemësch muss kal sinn.

    Tipp : fir dass et kéng Klompen ginn, huel liicht waarm Waasser mee oppassen, dono am beschten d'Gemësch an den Frigo maachen während 30min fir dass et erëm kal gëtt.

    B. Panko preparéieren

    en Zoppenteller huelen an dësen fëllen mat Panko, 1 cm héisch

    Tipp : Net den ganzen Panko huelen, well den Tempura Gemesch flësseg as an dat Ganzt peschech mécht, bis en Moment do kann een den Panko schmäissen an muss een fëschen Panko huelen. Dofir léiwer just esou fill ëmmer huelen wéi een grad brauch.

    C. Frittefett

    Ech huelen meeschtens eng Wok Paan an maachen 1L Frittefett Ueleg dran, an erhëtzen dat Ganzt. Et muss richteg gutt waarm sinn.

    Tipp : Ech huelen en Sushi Stäebchen aus Holz an maachen d'Spëtzt dran an gesinn dann, wann sech kleng Bullen bilden, dass mer déi richteg Tempuratur hunn.

    Tempura maachen

IMG 8824444

Tipp : Egal wat dir elo frittéiert, wann d'uewerfläch glaat as wéi bei der aubergine oder ze naas as wéi z.b. bei den Gambas, dann dat Ganzt mat Miel areiwen, an mat engem Pinsel liicht ewesch pinselen. Dann hält den Tempura mat Sécherheet.

z.b. mir fittéieren Gambas (déi mussen geschielt sinn)

1. Gambas liicht mat Miel anreiwen an d'Miel ewesch pinslen

2. Gambas an den Tempura Deeg leen esou dass beid Säiten mat Tempura bedeckt as

3. dat Ganzt duerch den Panko rullen

4. dat Ganzt an Frittefett leen

5. et dauert je no Temparatur vum Frittefett 1-2 minuten.

Tipp : wann et baussen erëm schéin goldesch Brong knusperesch as dann as et gutt.

6. dat Ganzt aus dem Frittefett huelen an op Kichepabeier leen dass d'Fett kann erof laafen.

Tipp :

Dier kënnt den Tempura an der Microwell kuerz uwiermen fir en dann ze zerwéieren oder fir an en Maki anzebauen.

Bei Froen einfach mellen -> contact@academie-culinaire.lu

Tempura Beispiller

2222IMG 8833

 

 

Cheers,

Boris

Sushi am Awada an der Staat

Ech war den 25/8/2017 an den Awada Sushi Restaurant am Gronn iessen mat mengem Kolleg den Bruno. Eng ganz interessant Erfarung, kulinaresch hätt et kënne besser sinn mee d’Gespréich mam  Chef war desto interessanter an huet Saachen opgedeckt déi ech esou net geduecht hätt.

IMG 0024

Omakase

Sie hunn een Plat op der Kaart wou dobäi steet  “selon l’envie du Chef” also : Omakase ! Méin Kolleg den Bruno an ech hunn eben d’Chance Sushi ze lieben an praktesch alles ze iessen an op näischt allergesch ze sinn, vun dohier war Omakase the best choice. Just dass dat anscheinend en Problem fir sie war ! No deem s déi éischt Serveuse geflücht war an hiren Chef kommen gelooss huet, deen en super Typ war, mee irgendwéi net wousst wat en mat onser Omakase Bestellung soll maachen.

Ech froen mech wat do esou schwéier drun soll sinn ? Omakase, den Chef mécht wat en wëll mir soten just dass mir zesummen 60 Piècen wéilten. Präziséiert hate mer och dass mer keen Tamagoyaki wollten, well sie deen fäerdegen aus der Provençale kréien, nee Merci ! Mee gutt, wann een et weess brauch een et jo net ze bestellen !

Den Serveur N°2 war sichtlech aus der Bunn geheit an geet mat onsere Bestellung bei den Sushi Chef : Omakase 60 Piècen.

No 5 Minuten as en erëm do. sichtlech perturbéiert, probéiert en eraus ze fannen wat mer wëllen an deem s en Kaart eraus hëlt an un Hand vun den verschidden Sushi déi opgelescht sinn dann onsen Omakase Menü zesummen ze stellen .

DAT AS NET OMAKASE ! Omakase as en Challenge un den Chef dat ze maachen wat en Loscht huet an senger Meenung no gäil as an NET onbedéngt op der Kaart as.

Mir hunn also praktesch eng Mixture kritt vun Saachen déi à la Carte sinn.

IMG 0030

Wat war dann elo den Problem ?

Interessant war ze gesinn, dass den Sushi Chef net d’Initiativ geholl huet an probéiert huet, aus dem festgefueren Menü-Schema auszebriechen an ons säin Liiblingssushien ze maachen.

Wann s de Leit hues déi Omakase bestellen, kënns de net mat Fusion Sushi, well den schwéiersten Sushi as den Edomae Sushi Style, den traditionellsten Sushi Style mat etlechen Fësch Variatiounen. Wann den Chef dann wierklech eng drop huet, dann kënnt en mat Edomae Sushi, style Yamayu Santatsu.

Mäin éischten Androck war also : FAKE SUSHI RESTAURANT !

an elo gëtt et interessant : zum Schluss kënnt den Sushi Chef selwer bei onsen Dësch. Ech hunn him gesot dass seng Nigiri Technik wierklech gäil wier, an do hunn mer e puer interessant Infos kritt.

Den Chef, schätzen hien esou 40 Joer, kënnt aus Hong Kong an huet do bei engem richtegen japaneschen Sushi Chef geschafft, deen hien selwer als säin Itame bezeechend huet d.h. säin Sushi Master.

Interessant war och, dass hien sech dann gerechtfäerdegt huet fir d’Menüskaart, dass hien net den Choix hat, well säin Patron vun him wollt dass Fusion Sushi mat op der Aart as, well dat Lëtzebuerger dat “brauchen”. Ech ginn him do Rescht. Mir ginn esou verwiert mat Sushi-Fusion-Rock&Roll dass en Restaurant, deen just traditionellen mee Perfektioun Sushi mécht, als “net komplett” an “langweileg” eriwwer kënnt.

IMG 0034

Wat ech denken !

Mir hunn also en Mann, deen zu Hong Kong mat 16 Joer bei engem Sushi Master ënnerkomm war mee dat opginn huet fir op Lëtzebuerg ze kommen, en friemd Land an en Wieder dat net fir jiddwereen as. Denken do un vill Grënn firwat een Mënsch dat decidéiert mee den Fait dass sech Omakase bestallt hunn, an dat net bei him den Challeng Instinkt ausgeléist huet, beweist dass den Mann alles mécht fir den Ball sécher am Spill ze halen, zefridden Clienten ze hunn an säin Job ze behalen. Verständlech !

Mee wou as séng leidenschaft fir Sushi bliwwen ? Wou as säin striewen no Perfektioun ? Alles just Fake ?

Elo kënnt déi zweet Situatioun : mir ginn aus dem Restaurant eraus, an den Chef kënnt nach eng Kéier bei ons an seet ons dass mer déi nächst Kéier, wann mer bestellen, dem Chef solle soen dass mir OMAKASE wëllen iessen. Hien géif dann mueres op der Maart goen an speziellen, extra gudden Fësch organiséieren deen dann just fir onsen Omakase as.

Dat huet mer bewisen dass den Mann eng drop huet an den Challenge wuel verstaan hat den ech him gestallt hat, mee hien konnt dem net gerecht ginn, well hien net déi Wuer do hat déi hien gebraucht huet. Ech denken haut, unhand vun der perketer Nigiri Technik di hien bewisen huet, hunn mer hei en Mann deen eng Mega drop huet an ech gespaant sinn wann ech déi nächste Kéier dohinner ginn, wat hien aus dem Omakase dann mécht wann en déi richteg wuer bei Hand huet.

Affaire à suivre…

Maki Tempura as mega fetteg !

IMG 5591

Leckeren Maki Tempura...mmmmhh...also ech iessen dat net, et as jo ëmmer d'selwescht, wann een bis wees wéi eppes gemaach gëtt, dann wees de wats de kriss. Firwat genau, gitt der an dësem Artikel gewuer.

Tempura heescht frittéiert, entweder an der Friteuse oder an enger Pan gefëllt mat Frittefett.

Oft gesäit een op den Platen déi sou gepost ginn, Maki oder California Rolls (Uramaki) déi frittéiert goufen.

Kuerz zur Erklärung wéi déi Friture gemaach gëtt.

Lire la suite...

Wéi mécht een Dashi ?

Dashi as en Fësch Bouillon deen Basis as fir 99% vun den japaneschen Platen wéi z.b. Tamagoyaki , d’japanesch Omelette, Miso Zopp. Den Dashi kann en fäerdeg kafen als Pudder oder et selwer maachen.

Lire la suite...

den Trick vum Sushi Train & All-You-Can-Eat

sushi train 1

Ech verroden Iech an dësem Artikel firwat ech keen Sushi Train an All-You-Can-Eat Sushi zu engem fixen Präis iessen ginn an ech verroden Iech den Trick vun denen “All-You_Can-Eat” Konzepter an firwat dir do keng Qualitéit un Sushi kritt.

Lire la suite...

Rezept Oyakodon

Rezept Oyakodon

Ingredients :

  • 50gr Filet de Dinde
  • 50g Zwiwwelen
  • 2 Eeër
  • 1 Eegiel
  • Peterseilech
  • 2 EL Soja Sauce
  • 1 EL Mirin
  • 2 EL Dashi Stock
  • 1/2 EL Zocker
  • 150 gr gekachten Räis

 Preparatioun

oyakodonpic1

Soja Sauce, Mirin an Zocker zesummen an enger Pan liicht ophetzen an den Zocker obleisen doen.

 

 

 

  

 

oyakodonpic1

Den Poulet an Pan ginn an gutt ubroden.

 

 

 

 

 

oyakodonpic1

Déi zwee Eegieler nëmmen liicht opklappen. 

 

 

 

 

 

oyakodonpic1

Zwiwwelen mat bei Dinde ginn an dat ganz zesummen kachen loossen.E puer mol dran dréinen dass den Dinde Filet och schéin duerch as.

 

 

 

 

 

oyakodonpic1

  • Dat liicht obgeklappten Ee an d'Pan maachen, e bëssen Peterseilech an dann den Deckel op d'Pan an lues goen loossen.  

 

 

 

 

  

oyakodonpic1

An engem Bol en bëssen frësch gekachten Räis ginn dat Ganzt Gemësch aus der Pan iwwer den Räis ginn. 

 

  

 

 

 

 

oyakodonpic1En kléngen Creux an d'Mëtt maachen an einfach en Eegiel dran maachen

Sushi Analyse | Okiko zu Tréier

Hei en kléng Analyse vun engem Plat vum Chloé dat beim Okiko tu Tréier war. Ech ginn elo net ze vill an den Detail, mee et geet elo hei haaptsächlech do drëms ze kucken ob den Chef elo en Simulant as oder eng drop huet !

1

Teller 1

Analyse vun Sushi (A)

Et as en Uramaki (Maki inside outside) mat Saumon baussen drop, an als Ingredienten bannen dran : Surimi, Cornichon

  • Gréisst (L1) : tiptop, one bite, esou wéi et soll sinn, well alles wou een soll (muss) dran bäissen well et ze grousse as, as ugesinn als onhéiflech.
  • Form : schéin ronn. nice !
  • Räis : erkennt een elo schlecht, et dierf net gedrätscht sinn an den Räis Kär soll "short grain" sinn. erkennt een elo net.
  • Fësch : nice ! kënnt net op den Teller ob, gesäit net verdréchent aus

(1) Ingredienten bannen dran : 

  • et as keen wierklechen Fësch bannen drann, well den Sushi soss einfach ze deier géif ginn. Dofir Surimi (1), fëllt bannen ob an kascht manner wéi 1cts fir eng ganz Sushi Roll.

  • Surimi as knascht ! En plus, wann een Ingredient hëlt déi net no ginn, (2)  Cornichon, wann een den Maki fest dréckt beim rullen dann huet een Lächer banne dran, an deng Zutaten falen eräus. Avocado wier eng besser alternativ gewiescht.

Konklusioun : et as en rentabelen Sushi an net wierklech gutt gemaach.

Analyse vun Sushi (B) : Tempura Maki

  • (3) den Räis as massiv gedrätscht. Dat kënnt awer och duerch den Tempura (4). En gros, den ganzen Maki as hei an d'Fritte Fett geheit ginn. Du gesäis et dorunner dass den Tempura eng Dënn Couche as, déi net wierklech hält well den Nori (Alge) ze glat as. D'Enn Stécker vum Tempura Maki ginn ofgeschnidden well do den Räis sech voll mat Fritten Fett gesaugt huet an net méi iessbar as. Duerch d'Hetzt gëtt den Räis bräiesch. 
  • (6) Ingredient bannen dran sinn inexistent
  • (5) Mayonnaise Zooss driwwer, fir wat och ëmmer besser ze maachen.
  • Gréisst (L2) : alles ennerschiddlech grouss, denken dass dat zesumme gewierfelt gouf mat aneren Maki Tempura Rolls. 

zur Info : en Maki Tempura gëtt net an d'Fritten Fett gezappt, mee den frittéierten Tempura gëtt mat kléngs Aarbecht un den Nori (Alge) gepecht. Wann et gemaach gëtt dann just fir dass et schnell geet

Konklusioun : 10.000 Kalorien !

2Teller 2 

Analyse vun Sushi (A)

  • (1) wann et eng Rainbow Roll sollt sinn, dann missten 4-5 Stécker Avocado baussen drop leien, liicht auserneen geluecht wéi en Kaartespill. Hei as just 1 mini Stéck drop. 

  • (6) Lieblos geschnidden Stéck Saumon. Et ginn 3 Haapt Schneid Techniken, dovunner 1 déi genotzt gëtt fir den Fësch bannen am Maki. Dat heiten as guer keng Technik just Massaker.

  • (5) : den Räis as Tonne gepresst, en soll fluffeg sinn.

  • (5) & (6) Ingredient sinn net an der Mëtt

Analyse Sushi Tulip (B)  

  • (2) Fësch Eeër kriss de gefrueren an der Provençale ze kafen, kaschten 3x näischt. Lieblos drop geknuppt.
     
  • (3) den Räis as hei just en kléngen Fong, esou dass d'Ingredient uewen drop net eraus bzw erof falen.  

3Teller 3

den Nigiri as den schwéiersten Sushi, den einfachsten Moyen fir ze kucken ob den Chef eng drop huet oder net.  Nigiri sinn verschidden Grouss. den Fësch leit egal wéi drop, d'Schneit Technik vum Fësch as guer keng Technik, .

Et kann een awer festhalen dass et one bite as, an NET duerch geschnidden as. Vun dohier kann een domadder liewen

Konklusioun : den Chef hei schafft leider lieblos an ouni Leidenschaft, et as puer Business well net wäert geluecht gëtt ob gudde Fësch mee just bëlleg Saachen.

Ech muss soen, déi Telleren, also den Design,as awer schonn gäil ! 

Ech géif net dohinner iesse goen, dat Geld kënnt der Iech spueren. Ech kéint nach méi an den Détail goen mee dat wier en Over Krill, Fazit as : Den Chef as en Simulant an mecht Sushi net aus Leidenschaft an matt léift mee just for Business.

Rezept : Inari Sushi

Inari Sushi sinn frittéierten Tofu Täschen déi een Fëllen kann mat wat een wëll. Hei fann der elo d'Rezept fir den Inari selwer an fir d'Fellung hunn ech am Video geholl :

  • Sushi Räis mat Saké, Konbu
  • Geméis am Soja Bouillon gekacht

Rezept Inari Sushi

pic1

Ingredients :

 

 

pic2

Preparatioun

1. den Bouillon

All d'Ingredient zesummen an den Dëppen maachen an liicht waarmen maachen dann léist den Zocker sech méi séier op.

 

 

pic3

2. Aburaage (Tofu) preparéieren

Den Tofu aus der Packung huelen, an wann dësen an ganz groussen Stécker eraus kënnt dann 1x an der Mëtt duerch schneiden.
Opassen : an der Packung an vill Uelech drann, dat kann sauerei ginn.
Den Tofu op en Pabeiers Duch leen an gutt auspressen bis den ganzen Uelech eraus as an dann gutt ofdréchnen. Den Tofu dann ganz lues op der geschniddener Säit op maachen esou dass et eng Täsch gëtt.

pic4Den Tofu an kache Waasser (keen Salz) während 5min

 

 

 

 

 

pic5Den Tofu eraus huelen an erëm gutt auspressen.

 

 

 

 

 

 

pic6

3. Aburraage (Tofu) + Bouillon

Den Bouillon gutt ophëtzen, wann den Bouillon bis kacht, d'Hetzt op 5-6 ofdréinen, den Tofu dran leen an dann ganz während 20min kachen loossen. 

Den Tofu eraus huelen, e bëssen ofkillen loossen an op en Pabeier Duch leen an gutt auspressen an dann gutt ofdréchnen.

Tipp : am beschten den Tofu e puer Stonnen leien ze loossen iert een dësen fëllt well den Tofu dann nach e bëssen dréchnen kann soss an en ze vill knätscheg.

 

pic7

4. Fëllung

Den Bord vum Tofu em Stülpen an dann d'Fëllung dran maachen.

Tipp : net an den Frigo maachen well soss den Goût hinüber as, zemools wann der Sushi Räis dran maacht ! an eng Tupperware geet duer an dat hält sech locker während 3 Deeg. 

 

 

Ech iessen am léifsten Omakase !

sushi bar yasudaOmakase heescht : "An den Hänn vum Chef" oder « selon l’envie du Chef ». En gros, du sees zum Garçon « ech well w.e.g. Omakase bestellen » heescht dat, dass den Chef dir en Plat zesummen stellt den et esou net ob der Kaart gëtt (normalerweis). An genau dat as et, wat déi ganz Saach esou spannend mecht !

Lire la suite...

Cours de Sushi

Apprenez à faire les Sushi, Maki, California Rolls...en cours privé, en cours collectifs ou en Team Building

Retrouvez toutes les dates <<ici>>

sushi cat

Sushi Iessen zu Lëtzebuerg App

Hei kënnt der ons App eroflueden wou der ons och eng live Kaart, Statistiken an villes méi fannt vun den Sushi Restaurant hei zu Lëtzebuerg.

apple store

google play

Facebook Groupe " Sushi Iessen zu Lëtzebuerg"

Loscht emol en aneren Sushi Restaurant ze testen? An onser Facebook Groupe " Sushi Iessen zu Lëtzebuerg" gëss de gewuer wou den beschten Sushi Restaurant as mee och wéi een ze vermeiden as.

-> Sushi iessen zu Lëtzebuerg

nice pic

 

Login

Login