omakase1

Ech hunn elo wëlles eng nei Etapp an mengem Sushi unzegoen. Wann ech nei Saachen hat, hunn ech Iech dat an d'Grupp gepost, wat enger Säit och fir mech war, fir meng Gedanken an Erfarung an engem Artikel niderzeschreiwen, festzehalen an mat iech ze deelen.Bis haut war et esou, dass ech un menger Technik geschafft hunn, Timing an Temperatur.

 

Fir déi läscht Joren hunn ech spezifesch um Räis an un senger Konsistenz geschafft. Ech hunn ugefaangen japaneschen Fréijoers Sushi Räis ze huelen an hunn 1/2 Joer alteren gelooss iert ech en benotzen. Säit ech den Oshito hunn, as Textur och besser vun mengem Räis well d’Fiichtegkeet elo vum Oshito ob gesaugt gëtt an dësen Temperatur konstant hält. Duerch d’Fächeren killen ech den Räis vun 70 Grad ob 40 erof an den Oshito hält mer Temperatur dann gutt 6 Stonne laang.

Et ginn esou vill Variabelen déi do matspillen, dat souguer nach haut ech munchmol den Räis an den Sand setzen well ech mer soen « ach, dat muss de net esou mann » an zack...Poubelle. Bon, net grad Poubelle mee gefillten Poubelle 

 

Elo Säit dem Sushi & Wine am Abrëll, hunn ech mech mam Fësch nach méi auserneen gesat. Vun 8 Zorten Fësch, gëtt et just 1 dovunner deen Zuuchtfësch as.

 

Bis dohinner as et jo schonn emol cool.

Mee, ech fannen, fir den Fësch nach besser kënnen ze benotzen, muss ech méi an den Detail goen, méi Infoe zum Fësch :

  • Wou kënnt den Fësch hier
  • Wéi an en gefëscht ginn ?
  • Wéi eng Technik as besser ?
  • Wéi eng Fänktechnik as och nohalteg ?

 

Vu dass Texture vum Fësch vun der Jores Zäit ofhänkt, hëllefen déi Infoe mer dobäi, datt beschten aus dem Fësch eraus ze huelen.

 

Ech wëll, datt mäin Sushi méi harmonesch mat der Natur gëtt, well ech mer sécher sinn, datt op dësem Wee d’Texture an Goût vun mengem Sushi op den nächsten Level kënnt.

 

Déi Infoen iwwer den Fësch huelen ech mer elo all bei mengem Fëschhändler, deen kann sech freeën ;-) . Denken dat gëtt interessant an wäert nach méi Froen opwerfen :-) Let's go !

 Cheers,

Boris :-)

jQuery EU Cookie Law popups

Login

Login